Menu


Kontakt



Zeltkolonie fir eis all II

e Puer weider flott Deeg ob der Zeltkolonie

Agedro den 23.08.2017 vum Anne Gantrel


Endlech ass d'Wieder besser! Mir genéissen eise leschten Dag elo voll a ganz. Virun zwee Deeg sinn d'Kanner zesumme mat hirem Grupp ob den Hike gaangen. Déi 3 Equippe ware vill am Bësch, hunn um Feier gekacht an et sech gutt goe gelooss. Gëschter hu sie sech dunn erëm all an der Schwämm getraff, wou mir eis gutt amuséiert hunn. Owes hat eis Kichenequipe lecker Hamburger mat Nuddelszalot preparéiert an dono hu mir dem Cornelius an dem Ramona an eiser Geschicht gehollef fir d'Schwert vum Kinnek rem ze flécken. Zum Gléck huet et geklappt! Haut den Owend musse mir nach kucken, wéi mir de Brutus, de béise Brudder vum Kinnek, lass ginn... Mir freeën eis iech muer de Mëtteg all ob eiser Kiermes ze gesinn!

DSCN4207.JPG DSCN4223.JPG DSCN4232.JPG DSCN4260.JPG
Dësen Artikel gouf bis elo 694 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "e Puer weider flott Deeg ob der Zeltkolonie"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck