Haut de Moien, sinn eis Kanner gemittlech zu Ierpeldeng um 4 Nuechten am Zelt ukomm. Fir d’alleréischt hunn se mol de Stitch kennegeléiert iert se dann déi aner Kanner aus hirem Grupp kennegeléiert hunn. Nom leckere Grille vun eiser Kichen, goung et dunn och scho mat der Gruppenaktivitéit lass. Vun Fändele molen, iwwert eng Schatzsuche zu leckeren Drinks mixe war fir jiddereen eppes dobäi. Duerno gouf et dann nom Owesiessen ee Gruppenchallenge wou d’Stëmmung um Héichpunkt war. De Grupp 1 ass knapps als Gewënner eraus gaangen, mee jiddereen hat Spaass.   Fir den Dag ofzeschléissen hu mir dunn nach d’Geschicht iwwert de Mr. Woods gekuckt, deen nodeems en eng Fläschepost fonnt huet an dee Sproch doraus virgelies huet, an enger anerer Welt gelandt ass an do e puer komesch Kreature begéint huet. Wéi et do viru geet, gesi mir muer.

Elo soe mir: Gutt Nuecht Kanner!