Gëschter war een opreegenden Dag zu Ierpeldeng. Fir d’alleréischt huet den Dag mat sportlechen a kreativen Atelieren ugefaangen. Déi eng hunn Traumfänger gebastelt, déi aner eng Waasserschlacht gemaach. No engem leckere Schnitzel mat Spëtzelen a Bounen, hunn d’Kanner da Mëttes missen dem Mr. Woods an dem Pex hëllefen d’Portaler vun der anerer Welt zouzemaachen. Duerfir hunn sech d’Kanner zesumme mat de Bëschbewunner op de Wee gemaach an ënnerwee nach Zutaten gesammelt, fir dass den Zaubersproch och sécher funktionéiere géif. Haut kucke mir da wéi d’Geschicht op en Enn geet an op de Pex an de Mr. Woods d’Ilna rette kënnen.

No dem Geschichtsspill koum dunn och schonn dat nächst Highlight. D’Kanner konnten op d’Sprangschlass, wat am Park opgeriicht war. Nom Owesiessen, hu mir dann alleguerten zesummen nach de Film vum Klenge Prënz gekuckt, iert et dunn fir eis Kanner an d’Bett gaangen ass.