Geschter stoung en ganz waarmen a sonnegen Dag um Stau um Programm. D’Kanner konnten dee ganzen Dag iwwer souwuel mam Kayak wie och mam Floossbau oder Stand-Up fueren an sech gutt am Stau ofkillen. Owes hunn mir dat Ganzt dann all zesumme mat enger gudder Grillade ausklénge gelooss. D’Stëmmung ass top.