Iwwer ons Aktivitéiten
Oft gi mir gefrot, wat da lo genee op onse Kolonië leeft a wéi di ganz Betreiung an Organisatioun hannendrun ausgesinn. D’Äntwert op dës Froe versiche mir Iech op dëser Säit ze liwweren.
De Programm vun onse Kolonië variéiert natierlech vu Kolonie zu Kolonie a mir versichen ëmmer sou en ofwiesslungsräiche Programm wéi méiglech unzebidden. Am Mëttelpunkt vun all eisen Aktivitéite steet ëmmer d’Animatioun déi dann natierlech verschidde Formen unhuele kann. Haaptbestanddeel vun eise Kolonië sinn dofir och Spiller, woubäi mir dorënner wierklech e breet gefächerte Begrëff verstinn – vum klenge Pausefëller bis hin zu Spiller déi ganz Nomëtteger, Owender oder souguer e ganzen Dag daueren. Nieft dem geleete Spill am Grupp, hëlt awer och d’fräit Spill e wichtegen Deel op eisen Aktivitéiten an.
Och d’Kreativitéit kënnt duerch kleng Bastelatelieren ni ze kuerz an ass natierlech och bei eise Spiller gefrot.
Wichteg ass ons bei all dëse Saachen awer och de Bezuch zur Natur, deem Liewensraum, deen eigentlech am spannendste fir eis Kanner ass, well et einfach onheemlech vill ze entdecke gëtt. Dofir versiche mir ëmmer sou vill wéi méiglech Aktivitéite baussen an der fräier Natur ze maachen, fir de Kanner sou och dëse leider ëmmer méi frieme Liewensraum nees méi no ze bréngen. Aus dësem Grond steet op deene grousse Summerkolonien a -campe gewéinlech nach een anere groussen Héichpunkt um Programm: den Hike.
Dëse besteet doraus, dass d’Kanner am klenge Grupp mat hire Gruppemoniteuren am Bësch oder op engem Bauerenhaff ënner (méiglechst) fräiem Himmel iwwernuechten, um Feier kachen a sou muncht flott Abenteuer zesummen am Grupp mat hire Kollegen erliewen.
E weideren Héichpunkt erwaart d’Kanner dann op bal all eisen Aktivitéiten virum Schlofegoen: eng spannend Geschicht déi jeeweils vun den Animateure virbereet an a Form vun Improvisatiounstheater virgespillt gëtt an d’Kanner och mat abezitt. Dës Geschicht zitt sech gewéinlech wéi e roude Fuedem duerch d’ganz Kolonie a setzt sou alles an ee spannend Thema, sou dass eis Spiller och ëmmer ënner engem Thema lafen. Doduerch ginn d’Kanner deelweis an eng aner Welt gesat, sou dass d’Atmosphär eng wichteg Roll op eise Kolonië spillt.
Dëst ass sécherlech och nëmmen e klengen Iwwerbléck iwwert dat wat op eise Kolonië leeft. Ze vill kënne mir natierlech och net op dëser Plaz verroden, mee wat kloer ass, ass dass de Spaass ëmmer am Mëttelpunkt steet an dass op alle Fall alles gemaach gëtt, fir dass zu kengem Moment Langweil opkënnt!
- Hierschtkolonie (Allerhellgevakanz)
- Action am Mëllerdall (Allerhellgevakanz)
- Wanterkolonie (Krëschtvakanz)
- Fueskolonie (Fuesvakanz)
- Ouschterkolonie 1 (Ouschtervakanz)
- Ouschterkolonie 2 (Ouschtervakanz)
- Päischtcamp (Päischtvakanz)
- Cinopolis (Päischtvakanz)
- Adventure Camp (Juli)
- Camp Ierpeldeng I (Juli)
- Mam Yuri duerch de Weltall (Juli)
- Better Together (Juli)
- Zeltkolonie 1 (August)
- Zeltkolonie 2 (August)
- Spillvakanz (August)
- Camp Ierpeldeng II (August)
- 4 Nuechten am Zelt (August)
- Erliewniskolonie (August)
- Check-In (September)
- Hollenfall (September)
- Kolonie emol anescht (September)
- Märechersweekend
- Mam Sherlock am Misterydall
- Mam Nimham bei d’Indianer
- Survivalweekend
- Wikinger Weekend
- Wiichtelchersweekend
- Vampiren- a Gespensterweekend
´ ´
Pädagogesche Wäert vun enger Kolonie
Eng Kolonie ass ëmmer e besonnescht Abenteuer fir d’Kand, dat hatt ausserhalb vu sengem gewinnten Ëmfeld erlieft. Dass d’Kand dobäi eng ganz Rei Erfahrungen a Saache fir säi Liewe léiert, brauch mëttlerweil net méi bestätegt ze ginn.
Sou versiche mir och, wéi Dir wahrscheinlech schonn aus onsem Programm konnt eraus liesen, de Kanner sou vill wéi méiglech pädagogesch wäertvoll Erfahrungen ze bidden. Dozou gehéiert natierlech den Ëmgang an d’Wäertschätze vun der Natur duerch d’Spillen an d’Erliewen an dëser. Dobäi kommen natierlech all déi Erfahrungen, déi d’Kand an der Grupp sammele kann an déi duerch den Asaz vu kooperative Spiller an duerch kollektiv Gruppenerliefnësser wéi en Hike ënner fräiem Himmel natierlech verstäerkt ginn.
Eng Kolonie dréit ob alle Fall zur positiver Entwécklung vum Kand bäi an hëlleft him an der Entwécklung zur Selbstännegkeet.
Eng optimal a professionell Betreiung vun de Kanner
Qualifizéiert Animateuren, déi beim Groupe Animateur a beim SNJ oder soss enger Organisatioun mat ähnlechen Zieler eng Formatioun fir Animateur /Aide-animateur de loisirs ze gi gemaach hunn, suerge fir eng optimal a professionell Betreiung vun de Kanner déi mat op ons Aktivitéite ginn. Dobäi handelt et sech an éischter Linn ëm Schüler a Studenten déi dëst op fräiwëlleger Basis an hire Vakanze maachen an och hir Formatioun an hirer Fräizäit gemaach hunn. Donierft sinn awer och eng Rei vun onsen Animateuren a pädagogesche Beruffer aktiv oder schaffe schonn haaptberuflech an engem anere Beräich.
Groupe Animateur, SNJ, AJL – Wat ass do wat?
All eis Aktivitéiten organiséiere mir an Zesummenaarbecht mam SNJ (Service National de la Jeunesse). Dës Kooperatioun ass duerch en Accord de partenariat tëscht dem Groupe Animateur an dem SNJ gereegelt. Sou ass de Groupe Animateur am Endeffekt eng Asbl déi vu lauter Animateure vum SNJ gegrënnt gouf fir Kolonien ze organiséieren a weider Strukture wéi z.B. Material an Know-How zur Verfügung ze stellen.
Doduerch, dass dës Zesummenaarbecht sou gutt funktionéiert, ass et fir Aussestehender schwéier ze ënnerscheede wat lo genee d’Zoustännegkeet vu béiden Organisatiounen ass.
Dat Wichtegst fir jiddfereen, deen op eng vun eisen Aktivitéiten matgoe wëll, ass u sech, dass d’Umellung iwwer den SNJ leeft.Dann ass awer och nach d’AJL, also d’Lëtzebuerger Jugendherbergen, ze nennen. Dëst, well de Groupe Animateur als Asbl un d’AJL affiliéiert ass a béid Organisatioune sou vu Synergië profitéiere kënnen. Sou kritt de Groupe Animateur z.B. verschidde Virdeeler an de Jugendherbergen, während d’Aktivitéite vum GA awer zu enger gudder Auslaaschtung vun de Jugendherbergë bäi droen.
Ofwiesslungsräiche Programm
Am Mëttelpunkt steet ëmmer d’AnimatiounSpiller
vum klenge Pausefëller bis hin zu Spiller déi ganz Nomëtteger, Owender oder souguer e ganzen Dag daueren.
De Bezuch zur Natur
Well et einfach onheemlech vill ze entdecke gëttHike
Een anere groussen Héichpunkt um Programm op eise grousse Summerkolonien a Summercampe!
Spannend Geschichten
D’Atmosphär spillt eng wichteg Roll op eise KoloniëTheater
Doduerch ginn d’Kanner deelweis an eng aner Welt gesat…
Iwwer d’Formatioun
De Groupe Animateur (GA) bitt an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ) eng Formatioun fir Aide-Animateur an Animateur ze ginn un(Brevet B an C).
Hei fenns du e puer Informatiounen zur Formatioun an hoffen dir domat op deng Froen äntwerten ze kënnen an dir de Mond e bësse wässereg ze maachen.
De Comité
Memberskaart
Du géifs och gär Member beim Groupe Animateur ginn?
Da bass du hei genau richteg!
