Menu


Blog



Ouschterkolonie II

Eischt Andreck Ouschterkolonie 2

Agedro den 18.04.2017 vum Jill Kries


Säit Gëschter Moien sinn 43 Kanner Bewunner vum Schlass zu Huelmes. D'Kanner hu sech gutt ageliewt an mir hunn geschter Mëtten schonn ee flott Zaubererspill am Bësch gespillt. Gëschter Owend ass et dunn weidergaange mat 4 Projet'en fir dei eis Kleng sech konnten aschreiwen, ënner aanerem Konscht, Foto, Film oder och nach Sport. Vir den Dag ofzeschléissen hu mir eis nach d'Geschicht mat der bekannter Wëssenschaftlerin Siggy, dem Abenteurer Drogo an dem Polizist Schümperli ugekuckt. Duerno ass et och schon Zäit ginn fir an d'Bett!

 

De Moien ass de Programm dunn weidergaang mat Bastelatelier'en, z. B. Traumfänger, Salzkerzen oder Hopsbäll. Lo kënnen d'Kanner an der Fräizäit baussen a bannen verschidden Aktivitéiten maachen an duerno geet et weider mat den Projet'en.

 

Bis ganz geschwënn,

Jill & Lisa

 

17949903_10211198217966611_116306886_o.jpg 18012842_450187735329742_1886419023_o.jpg 18043080_10211198218286619_825023400_o.jpg 18049735_10211198219686654_60461772_o.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 3680 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Eischt Andreck Ouschterkolonie 2"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...