Date/Time
Date(s) - 30/07/2024 - 04/08/2024
Ganzen Dag
Location
Marienthal/ Centre de Jeunesse
Categories
Bei dëser Kolonie stellt de Marc Strasser, och bekannt als Jonn Happi dëse Summer säin Zirkuszelt op. Zesumme mat anere Jonke léiers du flott Zirkusdisziplinë wéi Trapez, Tissu, Seeldanz, Diabolo, Jonglerie a villes méi kennen. Eng ganz Woch gëtt an enger flotter Atmosphär eng Zirkusshow ageüübt, déi mir zum Schluss vum Camp eisen Elteren, Geschwëster a Kolleegen am Zirkuszelt wäerte presentéieren. Dat Ganzt gëtt mat flotten Waasser- an aner Aktivitéiten an der Natur vun den Animateure begleet. Nieft flotte Frëndschafte wäerten och nach e puer Iwwerraschung wärend der Woch op dech waarden.Wann du en Abléck an d’Welt vum Zirkus wëlls kréien, dann mell dech schnell un.