Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 21/07/2024 - 29/07/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Marienthal

Categories


7 Deeg am Mariendall mat engem ofwiesslungsräiche Programm fir Jugendlecher vu 13 bis 16 Joer. Vun dynamesche Sportaktivitéiten, wéi Wandere oder op de Stau, bis  relax Ateliere mat Meditatioun oder Wellness. Och d’Kréativitéit gëtt op dësem Camp grouss geschriwwen; Zesumme gi Konscht, Musek an Theaterworkshops mat Artisten aus dem Beräich gemaach, wou jiddereen d’Méiglechkeet kritt sech op seng Aart a Weis kënschtleresch aus ze liewen an aus ze drécken. Wann’s du op kee Fall d’Geleeënheet wëlls verpassen, eng onvergiesslech Zäit ze erliewen, da mell dech séier un a sief dobäi!

Mir hunn op dësem Camp 8 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virum Camp tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vum Camp, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend dem Camp fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.