Dei eischt zwee Deeg huet d’Wieder eis keng Steng an den Wee geluescht. Mat K-Way an festen Schong waren d’Kanner op der Spillvakanz am Besch an hunn ganz flott Hütten gebaut. Si konnten vill Zäit dobaussen an der Fräizäit verbrengen an sech all kennenléieren. Den eischten Owend waren eis kleng Detektiven och schon ennerwee an hunn rausfonnt ween den Uran vun den Wessenschaftlern geklaut huet. Och mettes goufen d’Kanner gudd bekacht an zwar gouf et net nemmen een tri de pâtes mee een fantasteschen quintet vun Saucen servéiert! Owes besichen d’Kanner d’Serpent’s an eiser wonnerschéiner Geschicht an mir sinn schon gespannt wei et do an deenen näechsten Deeg weiderentweckelt.