Geschter sin  Kanner an hirem Hausgrupp op den Hike gaangen. Um Hike schlofen Kanner eng Nuecht net bei eis um Site, mee am Bësch oder bei engem Bauer. All Grupp ass op eng aner Platz schlofen gaangen an am Dag sinn si getrëppelt  respektiv hunn Spiller gemaach zu Ettelbréck an och am Mierscher Park. Op der Hikeplatz huet sech dunn all Grupp um Feier een leckeren Pakalu gekacht an als Dessert goufen et lecker Marshmallows. Mir freeën eis schon wann Kanner gläich erëm zeréck bei eis um Site sinn.

Léif Gréiss,

Louise an Jang