Nodeems Kanner op eisem schéinen Site un der Sauer ukomm sinn, hunn si sech an hiren Zelter ageriicht an direkt schonn nei Kolleegen kennen geleiert. Dunn kruten mir schonn direkt vun eisen Kichenmais en leckeren Tri de Pates serveiert. Aii deen war lecker! No dëser gudder Stäerkung hunn mir eis dunn op den Wee an den Bësch gemaach Kanner missten dréi Kinneken hëllefen hiert Kinnekräich ze vergréisseren. Owes hunn mir dunn alleguer zesummen am Bësch Gegrills giess an eis dono zeréck op den Site gemaach. Do ukomm as et dann direkt an Geschicht gaangen wou Kanner dem Bluba d´Yellie an d´Pinkie, 3 Superhelden Kanner kennegeléiert hunn. Dat war et schonn vum éischten groussen Dag um Camp, dono waren Kids sou midd dass se an Bett gefall sinn an direkt ageschlof sinn an haut den Moien vun enger schéiner Musek aus dem Schloff erwächt goufen.

LG,

Jang an Louise 🙂