Nodeems mir en Méinden souwuel mam Kayak, mam Stand Up oder och beim Floossbau en flotten Dag um Stau genéisse konnten, konnten se sech gëschter beim Projet tëschent Graffiti, Film a Vikingerduerf entscheeden. Haut stoung dann den traditionnellen Hikestart um Programm wou 5 verschidde Gruppen sech ob de Wee gemaach hun fir den Owend entweder beim Bauer oder am Bësch ze schlofen an den Dag beim Lagerfeier auskléngen ze loossen.