Gëschter missten d’Kanner beim Nuetsspill dem gudden Zauberer hëllefen Zaubertränk ze brauen vir de béisen Zauberer kënnen ze verhexen an d’Prinzessin ze retten. Haut war et de ganzen Dag méi roueg zu Wäicherdang, well d’Gruppenchallenge um Programm stoung. Déi  eenzel Hausgruppen kruten verschidden Aufgaben déi se iwwert de ganzen Dag léisen missten. Heivir waren se zu Clierf an Ettelbréck ënnerwee an et huet een se och mol um Radio héieren.