D‘Rakéit ass gelant an u Bord haten mer 37 kleng Astronauten, déi sech déi nächst Deeg ob d‘Rees beginn.

Fir den Ufank hu mer allerdéngs mol den Planéit Äerd erfuerscht. An no laangem waarden si mer dunn och dem VollelksHeld héchstperséinlech iwwert de Wee gelaf, deen keen aneren wéi eisen Super Astronaut Yuri ass. Deen hutt eis versprach , eis jonk Astronauten sécher duerch de Weltall ze féieren.

Mir si scho ganz gespaant ob wéi engem Planéit mer muer mam Yuri landen.