Haut den Moien sinn mir trotz dem schlechten Wieder mat engem Laachen am Gesicht opgestanen. No enger klenger Fräizäit an 15 negativen Corona Tester, hunn mir eis op den Wee duerch den Norden fir eng Gruppenchallenge gemaach. Mir hunn vill flott Fotoen an Aufgaben gemaach an een Quiz geléist. Géint 18 Auer sinn mir dunn zeréck op den Site komm an hunn eis prett gemaach fir den Hike eemol anescht. An dësem Fall heescht daat wéinst den aktuellen Mesuren Hike um Site. All Grupp mëscht fir sech op enger anerer Platz um Site säin Pakalu um Feier an schléift och do.

Bis Muer, 

Pol a Louise vum Päischtcamp