No engem flotten Dag um Stau wou d’Kanner  Kayak, Stand-up-paddling oder VTT gefuer sinn, konnten d’Kanner den Dag drop  am Casino Royal bei verschidden Spiller Suen gewannen. Domadder konnten si sech ënnert anerem Paangecher, Eeër, Speck kafen oder am Beauty Salon sech d’Neel fierwen loossen.  Nom Mëttesiessen stoung dunn den Sportstournoir um Programm.

Haut den Moien goung et dunn och schonn op den Hike. D’Kanner konnten wielen op se léiwer beim Bauer oder am Bësch wëllen schlofen an op se léiwer eng Nuecht oder zwou Nuechten auswäerts schlofen. Den Owend gëtt dann zesummen um Feier gekacht a Pakalu giess.