Gëschter Mëtten hunn d’Kanner probéiert sou vill Ressourcen wei méiglech ze sammelen, souwuel fir hie eegen Arméi ze stäerken, wei och zum räichsten VIP Club ernannt ze gi. Owes beim Nuetsspill missten d’Kanner sech onopfälleg duerch den Bësch beweegen ouni vun den Polizisten ofgeliicht zegin. Hie Mataarbecht gouf mat engem gudden waarmen Téi beim Lagerfeier belount. Haut stoung dann och schonn den Projet um Programm. Sie konnten wielen tëschent Bitzen, Vikingerduerf an Sportsdag.