45 Kanner si gëschter zu Ierpeldeng ukomm a mir hunn eis richteg gefreet!
Lass ass et direkt gaange mat voller Aktioun a Spaass, wou sinn hunn misse mat de Piraten zesummen e Schatz fannen. Owes goung et da weider an d’Ënnerwaasserwelt wou sinn hunn missen dem Amadeus an dem Sabrin folgen a mat hinnen op eng Grouss rees goen.
Haut de Moie gouf nieft Bastelatelieren och nach e Bootcamp gemach. Nom leckeren tri de pâtes ass et da mam Gänsespill weider gaangen, wou se de Wëssenschaftler gehollef hunn duerch Zäit ze reesen.