Gëschter  Mëtten sinn 46 Kanner um Neihaischen ukomm. Knapps waren se all do schonn hunn se an hiren Gruppen en Tour iwwert dem Site gemaach, déi aner Kanner kennegeléiert a sech dunn an hirem Zelt oder am Haus ageriicht. Nom Owesiessen hunn déi eenzel Gruppen sech bei sportlechen Aktivitéiten ausgepowert an dunn goung d’Rees och schonn bei d’Griichen wou d’Thalia an d’Alexandra en magescht Amulette fonnt hunn. Bei engem gemittlechen Lagerfeier hunn mir den Dag auskléngen gelooss. Haut den Moien stoungen verschidden Bastel- , Sports – oder Kachatelieren um Programm an de Mëtten probéieren d’Kanner den VIP Club virun der Faillite ze retten.