No engem laangen an sonnëgen Hike, sinn d’Kanner fir d’eischte Kéier ërem an den Zelter den Moien erwäscht. No engem leckeren Frühstücksbuffet, goung et Moies lass mat der traditioneller “Fräier Chiller Aktivitéit”.
Bei dësem Konzept kënnen d’Kanner den ganzen Moien zwescht verschiddenen Atelieren fräi wielen, wann se wëllen kënnen se awer och just relax chillen an liesen am Hängemattenpark. Déi verschidden Aarten vun Atelieren waren Sport-, Bastel-, Chill- an Baackatelieren.
Noom Mëttegiessen hun sech d’Kanner an d’Moniteuren zesummenfonnt fir eng Moniteur vs. Kanner am Foussball ze maachen. An dësem haart emkämpften Match konnten sech d’Moniteuren 3:1 duerchsetzen.
Mëttes goung et dun wéider mat flotten Wellnessworkshops wou d’Kanner déi verschiddensten Kosmetiksprodukter konnten selwer hierstellen (Seef, Lippenbalsam, Duschgel oder souguer Badebomben).
Owes gouff eng gréisser Aktivitéit um Site gemaach, wou sech drëms gebattled gouff ween déi räischsten Gang gëtt bzw. déi gréissten Fabrik bauen kann. An dësem Spill ass vill Verkaafs- an Verhandlungsfähegkeet gefroot.