Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 30/06/2023 - 02/07/2023
Ganzen Dag

Location
Erpeldange

Categories


Wann s du een Abenteurer bass an no engem Erliefnis sichs, dann trau dech a komm mat denge Frënn bei d’Wikinger op Valgarde! An der Taverne an op der Duerfplaz ass ëmmer eng lass a beim grousse Festmahl kanns du däin Iessen och mol mat den Hänn verspeisen. Wann s du dat a villes méi erliewe wëlls, da mell dech séier un!

Mir hunn op dëser Kolonie 3 Plaze fir Kanner mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit