Gëschter am spéiden Moien sinn mir, 40 Kanner, zu Wäicherdang mat eiser Rakéit gelant. No där laanger Rees sinn mir méi ewéi motivéiert, mam Yuri den Weltall ze erkënnegen. Den éischten Dag hu mir allerdéngs gemittlech op der Äerd verbruecht, fir eis nach relativ onerfueren Astronauten net ze iwwerfuerderen. Souguer eegen Rakeiten goufen gebastelt fier dem Yuri ze hellefen.
Eisen Planéit Äerd huet och vill ze bidden: vun eegen T-Shirten umolen an designen, Fischerhitt unmolen, een Cactus selwer bastelen hu mir gëschter alles erlieft. No dem Owesiessen haten d’Astronauten d’Éier, den Yuri perséinlech ze treffen, hien ass mat senger Rakéit duerch d’Portal geflunn. D’Kanner si ganz opgereegt, fir ze gesinn, wat als Nächst kënnt. Wat fir een super Ofschloss vun engem super Dag!