Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 07/04/2024 - 14/04/2024
Ganzen Dag

Location
Cinqfontaines

Categories


Wolls du schonn ëmmer eemol op eng riseg Ouschtereeërsich? Deng Ouschtervakanz eng Kéier esou ganz anescht verbréngen? Da bass du bei eis zu Cinqfontaines genau richteg! Hei erwaarden dech 6 Deeg voller verschiddener Aktivitéiten, Atelieren a Spiller! Wann’s du also Loscht hues op eng Woch Abenteuer, Spaass an Iwwerraschungen, da mell dech u fir d’Ouschterkolonie II a verbréng mat eis eng onvergiesslech Zäit!

Mir hunn op dëser Kolonie bis zu 3 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.