den Densden den Moien huet ganz schein sportleg ugefangen an Kanner hunn missten Sportler an engem Spill ënnert Ärm gräifen. No engem leckeren Schnitzel an Käsespetzel hunn mir eis dunn all zesummen op den Wee an den Mariendall gemaach, wou Grupp 1 an 2 op eng Missioun an den Weltall geschéckt goufen, den Grupp 3 een Teambuilding Parcours gemach huet an den Grupp 4 hier Fäegkeeten am Bouschéissen enner Beweis stellen konnten. Zeréck um Site hunn si dunn Owes an hirem Grupp eng Campshow gemaach wou et drëm gaangen ass säin Talent an verschiddenen Beräicher zu Show ze stellen, vun sportlech bis intellektuell war vir jiddereen déi richteg Challenge dabei. Owes sinn mer dunn nach an Geschicht gaangen an zefridden an gemittlecht Feldbett gefall.

Léif Gréiss,

Louise an Jang