Geschter waren d’Kanner dee ganzen Dag mat hirem Hausgrupp ënnerwee. Ob der sougenannter Gruppenchallenge missten se dee ganzen Dag iwwer lauter Challengen an Aufgabe meeschteren a missten och deen een oder anere Quiz léisen. Deen een oder anere Grupp war och am Radio ze héieren. Ausserdeem hunn se missten den ToniTalain retten, d’Maskottche vun der Erliefnis war nämlech verschwonnen. Owes kruten si dann eng wuelverdéngte Bouchée mat Fritten.