En spannenden mee naassen éischten Dag um Päischtcamp.

 

Nodeems Kanner den Moien ukomm sinn an sech an hiren Zelter ageriicht hunn. Kruten se vun der Kichen en leckeren Poulet Süss-Sauer gezaubert. No enger kuerzer Fräizäit hunn Kanner dunn an hiren Hausgruppen eng Aktivitéit gemaach vir Gruppendynamik ze stäerken. All Grupp misst 4 Atelieren maachen: Danz, Zirkus Akrobatik an Schauspillerei. Nodeems all Kanner zesummen an hirem Grupp fläisseg geüübt hunn an sech als Grupp zesummen fonnt hunn, waren si prett vir di grouss Show, vir dei eng extern Jury ageflunn gouf vir den beschten Grupp ze kréinen.

Noom Owesiessen, während deem mer dem Sophie sein Geburtstag gefeiert hunn,  huet dunn all Grupp hier preparéiert Saachen deenen aneren Kanner virgewisen. Jury huet decidéiert dass all Grupp sech gläich vill Méi ginn huet an jiddereen gewonnen huet.

No der flotter Show ass et dunn an Geschicht gaangen. Mir goufen an Welt vun zwou Gaardenzwergenfamilien entfouert. D´Famill vum Daaadi an vum Paaapi stinn am Konkurrenzkampf well an zwee Deeg déi Weltberüümten Gaardenshow um Programm steet. Die zwou Famillen wëllen onbedenkt gewannen an kennen sech opgrond vun hirem  Eiergeiz net ausstoen. Rosi vun der bloer Zwergenfamill an den Georgi vun der rouder Zwergenfamill, hun bei engem geheimen Treffen decidéiert dass si nemei an dem Konkurrenzkampf liewen an Gaardenshow wëllen sabotéieren, mee wie déi zwee dat machen gesinn mer nach……

 

Sou geet en spannenden an opreegenden éischten Daag op en Enn.