E Mëttwoch sinn 51 Kanner zu Wäicherdang ukomm. D’Kanner sinn an 4 Hausgruppen opgedeelt ginn a konnten wielen op se léiwer am Zelt oder am Haus wëllen schlofen.  No de méi sportlechen Gruppenaktivitéiten um Owend sinn d’Kanner dunn mam Fiona duerch de Schaf an Ironien gereest, wou de béisen Koboldkinnek d’Reich bedroht. No der Geschicht konnten d’Kanner den Dag beim Lagerfeier auskléngen loossen.

 

Gëschter stoungen dann schoun déi eicht Atelieren um Programm a Mëttes sinn d’Kanner entweeder mam Detektiv James op Klief e brenzlechen Fall léisen gaangen oder hunn beim Sportstournoi em déi eicht Platz gespillt.

Owes goung et am Casino dunn dorëms deen neien Jackpot ze knacken an net ze vill Verloschter ze maachen.