Den Donneschden Moien sinn Kanner an hiren verschiddenen Hausgruppen op den Hike gaangen. All Grupp huet op enger annerer Platz geschloff dei eng beim Bauer an déi aner am Bësch. No enger éischter opreegender Nuecht op der neier Schlofplaz, war et dann awer och erëm Zäit vir opzebriechen. Um hallwer 2 sinn nämlech Aktivitéiten um Stau lass gaangen, et goufen 3 verschidden Aktivitéiten um Wasse/am Waasser gemaach: Kajak, Stand-up Padeling an Floss bauen. No den Stau Aktivitéiten huet den ganzen Camp zesummen zu Ënsber op enger Hikeplatz geschloff an Owes gouf et en leckeren Mac&Cheese (um Feier gekacht) z’iessen.

Owes kruten si nach eng kleng Norrichtenshow vun der Geschicht gewisen befir se dunn nirwend hiren Kolleegen entschlof sinn.