Déi läscht Deeg war vill lass um Adventure Camp.

Mir hunn eng Nuecht beim Bauer an der Scheier verbruecht.

Moies dunn hu mir eis op de Wee an d’Schwemm gemaach, wou mir all zesummen op Klierf an de Besch gaange sinn.

An do war eng méi lass! De Buergermeeschter war nämlech embruecht ginn a mir hu missen hëllefen erauszefannen wien et war. An et war dach net tatsächlech den Pater!

No där schweierer Aarbecht fir de Kommissar si mir dunn zimmlech midd an zimmlech séier an eisem Biwak ageschlof!

Haut de Moien, no engem gudde Brunch hu mir eis op de Réckwee op Wäicherdang gemaach.

An elo gëtt nach alles geraumt, gebotzt an dann och nach geduscht, geduscht a geduscht!

Als Ofschloss däerf eng Disco natierlech net feelen!

An da si mir prett iech muer Samschdeg um 11.00 Auer erëm zegesinn.

Bis muer!