Nodeems mir all eis Rucksäck, Schwammtuten fir an d’Schwemm, Nouttuten, falls mer géinge naass ginn, gepak haten, si mir nach mat engem gudde Mëttegiessen op der Terrasse am Restaurant SNJ gestäerkt ginn a mir hunn eis voll gepak bei scheinstem Wieder op de Wee gemaach duerch Besch a Felder, laanscht Wandrieder a Kéi, bis mir gutt gelaunt op eiser Schlofplaz am Besch ukomm sinn.

Dunn hu mir Holz gesammelt fir eist Feier a mir krute Material an Iesse geliwwert dat mir dunn um Feier gekacht hunn. E leckere Pakalu, also Nuddelen, mat Geméis, Gehacktes an e besse Kéis, stoung op eiser Menükaart. Dono si mir zefridden a midd ageschlof.

Haut si mir op där selweschter Plaz am Besch bliwwen, a mir hunn de Moien mol ausgeschlof an mat engem gesonden awer mega leckeren Müsli an den Dag gestart.

Wat mir haut gestiicht hutt, gitt dir muer gewuer.

Also kommt muer erëm zeréck heihinn luussen.