Nom reeneregen Dag vu geschter, melle mir eis eng eischte Kéier aus dem scheine sonnege Wäicherdang. No der 1.Nuecht am Zelt, si mir actionräich an den Dag gestart, mat enger Show fir déi méi al an engem Parcours mat Schnitzeljagd fir déi méi jonk. Dunn hu mir eis mat engem leckeren Cordon Bleu gestäerkt a ware prett fir d‘Aliens. Hei hu mir missen eist Raumscheff beschützen, Material siche goen fir domat eist Raumschëff ze verstäerken, well mer net wollten, dass déi aner an eist Raumscheff erakommen fir Fändelen ze klauen. Nom Sange beim Lagerfeier si mer dunn all midd an d’Bett gefall.

De Moien dunn sinn 2 Emweltaktivisten op Wäicherdang komm an hunn eis e Buch voller Aufgaben ginn, déi mir leise mussen fir eng Demo virzebereeden an d’Welt ze retten!!

Wéi et déi nächst Deeg weider geet, gëtt nach net verrooden, kommt einfach regelméisseg op de Blog luussen.

Mir schécken tonne Spaass a vill gutt Laun bei iech heem 😊

Bis geschwënn, Moniteuren an déi Jonk vum Adventure Camp 2021.