DATESCHUTZERKLÄRUNG

GROUPE ANIMATEUR A.S.B.L.

LESCHT ÄNNERUNG : Januar 2019

Folgend Dateschutzerklärung maache mir am Kader vun eisen Obligatiounen ënnert der neier europäescher Dateschutzgrondveruerdnung („Règlement général sur la protection des données“ ou „RGPD“) a betreffend dem Fonctionnement vum Ënnerberäich „Mäi GA“ vun eiser Internetsäit www.groupe-animatuer.lu.

  • Wie si mir ?

Déi responsabel Entitéit (« responsable du traitement ») fir den Traitement vun äre perséinlechen Daten ass d’a.s.b.l. Groupe Animateur, domiciliéiert un der folgender Adress : 2, rue du Fort Olisy, L-2261, Luxembourg.

Fir all Froe betreffend d’Traitement vun äre perséinlechen Date kënnt dir Iech ëmmer beim President vum Groupe Animateur, Tom Fischer, ënnert der E-Mailadress tom@groupe-animateur.lu mellen.

  • Wéi eng vun äre perséinlechen Date sammele mir?

Mir sammele folgend perséinlech Daten: ären Numm, är Postadress, är Telefons- an/oder Handysnummer, är E-Mailadress, äre Gebuertsdatum, ären Alter, äert Geschlecht, den Typ vun ärem Animateursbrevet, d’Joer an de Mount vun ärer 1. Formatiounswoch, äre Memberstatus (aktiv oder inaktiv) an är Profilfoto.

  • Wisou sammele mir är perséinlech Daten?

Mir sammelen är Daten ob Basis vun ärer Awëllegung („consentement“)an traitéieren se fir folgend Finalitéiten („finalités“): (i.) d’Gestioun vun den Umeldunge fir d’Moniteursequippe vun de vum Groupe Animateur organiséierten Aktivitéiten (Kolonien, Weekender, etc.) an (ii.) d’Gestioun vun den Umeldunge fir intern Aktivitéite vum Groupe Animateur.

  • Wéi traitéiere mir är perséinlech Daten?

Är perséinlech Date ginn esoulaang gespäichert wéi dir aktive Member am Groupe Animateur sidd. Falls dir an äre Memberstatus an ärem Profil ob „Nee, ech sinn net méi aktiv“ ännert, läsche mir är Daten no enger Period vun dräi Méint.

All d’Informatiounen déi mir sammelen, späicheren an traitéiere si just fir folgend Kategorië vu Persounen zougänglech: Membere vum Comité vum Groupe Animateur a.s.b.l., Responsabel („responsable d’activités, chef de camp“) vun ënnert dem Groupe Animateur organiséierten Aktivitéiten (Kolonien, Weekender, etc.) a Formateuren (“formateur“) vun ënnert dem Groupe Animateur organiséierte Formatiounen.

Déi perséinlech Daten déi fir d’Finalitéit (i.) gesammelt ginn, ginn un folgend responsabel Entitéit weiderginn : Service National de la Jeunesse, Division Formations et soutien aux projets pédagogiques, 40, Boulevard Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg. Är Kontaktpersoun beim Service National de la Jeunesse ass d’Madamm Anouk KOPRIWA, ze erreechen ënnert der Telefonsnummer 247-86464. Dësen Transfert fënnt och am Kontext vun der Finalitéit (i.) statt, nämlech der Gestioun vun den Umeldunge fir d’Moniteursequippen.

  • Wat sinn är Rechter?

Dir hutt d’Recht Zougang zu ären Daten ze kréien („droit d’accès de la personne concernée), d’Recht eng Kopie vun ären Daten ze kréien (idem) an d’Recht eis eng Ufro ze schécke fir är Date geläscht oder verbessert ze kréien („droit à l’effacement“ et „droit à la rectification“).

Dir hutt zu all Moment d’Recht är Awëllegung („consentement“) ze entzéien an dat direkt Läsche vun ären Daten ze verlaangen („droit de retirer son consentement“).

Fir dës Zwecker kënnt dir eis ënnert info@groupe-animateur.lu kontaktéieren. Mir si gesetzlech obligéiert iech innerhalb vun engem Mount eng Äntwert ob är Ufro ze ginn.

Falls dir der Meenung sidd, dass är Daten net korrekt traitéiert ginn, hutt dir d’Recht eng Reklamatioun bei der lëtzebuergescher Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données) ze hannerleeën. De Reklamatiounsformulaire fannt dir ënnert folgendem Link: https://cnpd.public.lu/fr/particuliers/faire-valoir/formulaire-plainte.html.

Dir hutt natierlech och ëmmer d‘Recht eng Klo virun de kompetente Lëtzebuerger Geriichter anzereechen.