Ons Aktivitéiten
Groupe Animateur
De Groupe Animateur ass eng A.s.b.l., déi am Beräich vun der Animatioun vu Kanner a Jugendlecher aktiv ass. Un onsen Aktivitéite kann am Prinzip jiddereen deel huelen deen drun intresséiert ass.
All dës Aktivitéite ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert.
AUS DEM BLOG
ENTDECKT EIS ACTIVITÉITEN
Old McYuri had a farm
Gëschter bei den Paw Patrol an haut zu Besuch um Deieren Planéit.
Yuri meets Paw Patrol
Mir schreiwen Mëttwochs den 27ten Juli an befannen eis säit leschter Nuecht […]
Eis éischt Renconter mam Yuri !
D´Rakéit ass gezünt an de Yuri steet mat senger Crew an de […]
Een erliefnisvollen mee ustrengenden Daag um Ierpel 1
Nom Hike stoung den moien Wellness vir Kanner um Programm all Grupp huet do […]
PARTNER
All eis Aktivitéiten bidden mir an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ) a mat de Lëtzebuerger Jugendherbergen (AJL) un.
Formatiounen
Groupe Animateur
An Zesummenaarbecht mam SNJ, bitt de Groupe Animateur eng ganz Rei Formatioune fir de Brevet vum Aide-Animateur oder vum Animateur un. Dozou gehéiere Weekender zu verschiddenen Themen an d’Formatiounswoch fir den 1. Cycle.
Waow…en decke Luew zu Groupe Animateur
Hallo mai Pit war mam Yuri an de Weltall an ass sou begeeschtert heemkomm; am Auto huet en eis (baal alles) vum Yuri, vum Yura a vum geckege Frunnes gezielt… Decke MERCI un all di Moniteuren dei sech sou engagéiert agesaat hun dass et eise Kanner gefällt. (zumools d’Julie huet eisem Pit et apart ugedoe’) Dem Pit Wickler seng Mamm
Super Formateuren!!!
Ech wollt Iech alleguer vum Groupe Animateur an vun der SNJ luewen! Daer sidd einfach super leiw. Mein Meedchen ass all keiers begeeschtert!! Villmools villmools merci! Maacht weider esou, daer sidd immens!! :-)))
Meeegggaaa ! Bravo
Hallo, aist Céline war lo firt 2te Keier am Camp Ierpel1 an hat ass begeeeeeesssssccchhhtert!!!! Knaps do fir hat mat zehuelen seet et “Mama hues du mech ewel firtnächst Joer ugemet????” Mengen daat seet alles!! Hat ass esou begeeschtert! Mais et huet och gesoot et keint een mei oft zesummen eppes kachen. Merci un den ganzen Groupe Annimateur, dei Kanner immens enkadreieren, an einfach weider esou. LG Junker Cindy an Céline
Genialen Weekend
Richteg Genialen Weekend!! 🙂 Ass der waert ze maan an ech kann en nemmen recommandéieren. Ech hunn wirklech vill iwwert Knied an Konstruktionen geleiert. Lo wees ech endlech wei een eng AffeBréck baut. Ausserdeem hunn ech eng dozen nei Bastelatelier Ideen dei ech kann benotzen. Gei roueg mat, et ass seng Zeit waert 😉 P.S. Haat schon lang keng mei esou witzeg Jungle Speed Ronn wei um Weekend 😉
Dir hutt Froen?
Dann zeckt nët an kontaktéiert eis iwwert desen Formulär!
Mir freeën eis iwwert är Noriicht an wäerten iech sou séier wéi méiglech äntweren!