Menu


Member vum Groupe Animateur ginn



Du bass Moniteur op Aktivitéite vum GA oder hues deng Formatioun bei ons gemaach (oder bass am gaang se ze man) a géifs och gär Member beim GA ginn? Da bass du hei op där richteger Säit gelant!

Virdeeler vun der Memberskaart

  • Fir op onsen Aktivitéite kënnen als Animateur oder Formateur matzegoen, muss een u sech eng Memberskaart hunn!
  • A verschiddene (Bastel-)Geschäfter kriss du eng Reduktioun, wanns du deng Memberskaart vum GA weis.
  • Zousätzlech Assurancë während den Aktivitéiten, Material, Zougang zu onse Freelance Aktivitéiten...
  • Virun allem ënnerstëtz du awer de GA! Well de GA lieft letztlech just duerch seng Memberen.

Konditiounen

  • Du hues deng Formatioun bei ons gemaach (oder bass am gaang se ze man) an/oder gees op ons Aktivitéite mat (an hues domat opmannst 15 Joer).
  • Erfëlls du dës Conditiounen, da muss du just de Formulär op dëser Säit ausfëllen
  • D'Memberskaart kascht 4,50 Euro. No denger Umellung kriss du all Informatioune fir d'Iwwerweisung.

Umell-Formulär

Logg dech a Mäi GA an a fro dir deng Memberskaart ënner "Meng Daten" un.

Wanns du Animateur beim GA bass an nach keen Zougang zu Mäi GA hues, da kontaktéier ons.