Date/Time
Date(s) - 03/08/2025 - 10/08/2025
Ganzen Dag
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
Et ass nees esou wäit! De Marc Strasser, och bekannt als Jonn Happi, stellt zesummen mat den Animateuren säin Zirkuszelt am Mariendall op.
Hues de Loscht, nei Skills wéi Trapez, Jongléieren, Diabolo oder Tissu ze léieren? Egal ob s de schonn Erfarung hues oder net, hei bass de genee richteg! Bréng einfach gutt Laun an d’Freed mat, fir zesumme mat denge Frënn eng onvergiesslech Woch am Zirkuszelt ze verbréngen.
Niewent den Zirkusaktivitéiten erwaart dech och e spannende Programm mat Waasseraktivitéiten wéi Stand-Up-Paddle, Kayak a Kanoe. De leschten Dag ass et dann esou wäit: Du kanns deng nei Fäegkeeten, déi s de geléiert hues, wärend enger fantastescher Show denger Famill an denge Frënn virstellen!
D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit