Date/Time
Date(s) - 01/08/2026 - 11/08/2026
00:00
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
|
Wëlls du eppes erliewen dësen Summer? An nei Koleegen kenne léieren? Dann komm eraus aus denger Kummer, well d’Zeltkolonie 1 waart opdech! Hei schlofen mir all zesummen an groussen Zelter, a keen Dag ass wéi den aneren. Mol starten mir gemittlech mat Atelieren, mol voller Action mat engem Campspill. An op aneren Deeg maan mir Ausflich an eng Stad, an d’Schwemm oder och an e grousse Park. D’Zeltkolonie 1 ass eng inklusiv Kolonie fir jiddereen tëscht 11 an 14 Joer, onofhängeg dovun, ob ee mat oder ouni Beanträchtegung lieft. Bei eis steet d’Frëndschaft an de Spaass am Mëttelpunkt, an mir freeën eis scho rieseg, en Deel vum August mat dir an ville weideren Kanner ze verbréngen!
|