Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 17/08/2024 - 27/08/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Marienthal

Categories


Ob am Rollstull oder zu Fouss, dës Kolonie ass grandious! Spillen, bastelen, zelten, sangen a vill nei Frënn fannen. Am Mariendall ass och dëse Summer nees eng lass. Dofir mell dech séier un a komm mat! Wëlls du eng Woch verbrénge wéi nach ni, da bass du genee richteg op der Zeltkolonie 2!

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen.

Mir hunn op dësem Camp 12 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virum Camp tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vum Camp, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend dem Camp fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.