Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 28/06/2024 - 30/06/2024
Ganzen Dag

Location
Site SNJ Erpeldange

Categories


Wann’s du een Abenteurer bass an no engem Erliefnis sichs, dann trau dech a komm mat denge Frënn bei d’Wikinger op Valgarde! An der Taverne an op der Duerfplaz ass ëmmer eng lass a beim grousse Festmahl kanns du däin Iessen och mol mat den Hänn verspeisen. Wann’s du dat a villes méi erliewe wëlls, da mell dech séier un! Mir schlofe mat eise Wikingerfrënn a richtege Wikingerzelter op Feldbetter, pack also ee waarme Schlofsak an ee Këssen an.

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak a fest Schong.

Mir hunn op dësem Weekend bis zu 3 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virum Weekend tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vum Weekend, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend dem Weekend fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.