Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 20/11/2026 - 22/11/2026
00:00

Location
Centre SNJ Marienthal

Categories


Taucht an d’Welt vun de klenge Wiichtelcher vum Kleeschen an!

D’Wanterzäit steet virun der Dier an déi éischt Schnéiflacken falen vum Himmel… D’Kleeschen-Wiichtelcher si voll amgaang sech op d’Feierdeeg virzebereeden! Mee dat heescht net nëmme schaffen – si wënschen sech Spaass a Freed! Si bastelen, baken a spille fir hiert Liewe gär, an dëst Joer invitéieren si DECH, zesumme mat dengen neie Frënn, an hir magesch Welt fir e ganz besonnesche Weekend !

Wat erwaart dech?

  • Spillspaass ouni Enn ! Aktivitéiten a Spiller, bei deenen d’Zäit wéi am Fluch vergeet.
  • Bastelatelieren, wou’s du deng kreativ Iddien fräi ausliewe kanns a flott Saache bastels.
  • Baken vu leckere Chrëschtkichelcher, déi mir zesumme genéissen.
  • Vill Spaass an eng onvergiesslech Aventure mat denge Kolleege bei de Wiichtelcher.

Wou? E ganze Weekend an der fantastescher Atmosphär vum Mariendall, wou d’Wiichtelcher dech mat op hir grouss Rees huelen.

Tickets

You must log in or register to make a booking.