Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 01/08/2024 - 13/08/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Weicherdange

Categories


Du bass tëschent 7 an 11 Joer al an bass motivéiert bei epëschen Spiller matzemaachen? Du fills dech prett all Owend eng onvergiesslech Geschicht mat ze erliewen an wëlls Deel vun der Spillvakanz Famill sinn? Dann bass du bei eis genau richteg! An Zelter schlofen, 2 Nuechten ob den Hike an nach villes méi! Huel der deng Kollegen a schreif dech fir dës onvergiesslech Kolonie an!

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Desweideren ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.

Tickets

You must log in or register to make a booking.