Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 14/06/2024 - 16/06/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Marienthal

Categories


Bass du ee Krimi-Fan, léis gäre mysteriéis Geheimnisser op oder hues einfach Loscht op Spaass mat Kolleegen? Da bass du am Misterydall genau richteg! Hei erwaarden dech kniwweleg Rätselen, düster Geheimnisser, flott Spiller a virun allem eng flott Zäit.

Mell dech an deng Kolleege séier un an erlief ee Wahnsinnsweekend als Detektiv.

Mir hunn op dësem Weekend 5 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virum Weekend tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vum Weekend, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend dem Weekend fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.