Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - 16/05/2025 - 18/05/2025
Ganzen Dag

Categories


Hey du, bass du verréckt no Krimien, entschlëssels du gär mysteriéis Geheimnisser oder wëlls du einfach eng spannend Zäit mat de Kollegen erliewen? Da bass du am Misterydall genau richteg! Hei erwaarden dech kniwweleg Rätselen, düster Geheimnisser an eng Partie flott Spiller, déi dech an d’Haut vun engem richtegen Detektiv versetzen. Mat vill Action a Spaass gëtt dëse Weekend sécherlech onvergiesslech!

Mir hunn op dëser Kolonie och 5 Plazen speziell fir Kanner mat Behënnerungen reservéiert. Falls äert Kand eng Behënnerung huet, gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un, sou datt mir all néideg Virbereedunge kënne treffen. Dëst ass extrem wichteg, fir sécherzestellen, datt all Kand, zesumme mat eisen Animateuren, déi beschte Betreiung kritt an d’Aktivitéite voll a ganz genéisse kann. Virun der Kolonie gëtt et en obligatorescht Gespréich tëscht den Elteren an de Responsabelen, fir d’Kand an seng speziell Bedierfnesser besser kennen ze léieren. Déi definitiv Decisioun, ob d’Kand deelhuele kann, trëfft den SNJ an enke Récksprooch mat de Leit vun der Kolonie, well si dofir suergen, datt all Kand während der Kolonie déi néideg Betreiung kritt.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit