Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 25/05/2024 - 02/06/2024
Ganzen Dag

Location
Site SNJ Erpeldange

Categories


Nach ass kee Summer mee dofir ginn zu Ierpeldéng awer schonn d’Zelter opgeriicht. Zesumme mat denge Kollege kanns du hei während 6 Deeg e flotte Camp verbrénge mat Spill, Sport an en Hike stinn um Programm. Wann’s de och Loscht hues, an der Päischtvakanz eppes ze erliewen a Spaass ze hunn, da bass de hei genee richteg. Mir freeën eis op dech!

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Desweideren ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.

Mir hunn op dësem Camp bis zu 2 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virum Camp tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vum Camp, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend dem Camp fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.