Date/Time
Date(s) - 23/05/2026 - 31/05/2026
00:00
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
Du wëlls an der Vakanz all méigleg flott Saachen erliewen an deng Vakanz eng Kéier esou ganz anescht verbréngen? Da bass du bei eis um Paischtcamp am Mariendall genau richteg! Hei erwaarden dech 6 Deeg voller verschiddener Aktivitéiten, Atelieren a Spiller! Wann’s du also Loscht hues op eng Woch Abenteuer, Spaass an Iwwerraschungen, da mell dech u fir den Paischtcamp a verbréng mat eis eng onvergiesslech Zäit!
Mir hunn op dëser Kolonie bis zu 2 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann
äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur
Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a
Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Décisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.
D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit