Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 10/04/2022 - 17/04/2022
Ganzen Dag

Location
Hollenfels

Categories


Wolls du schonn ëmmer eemol op eng riseg Ouschtereeërsich? Deng Ouschtervakanz eng Kéier esou ganz anescht verbréngen? Da bass du bei eis zu Huelmes am Schlass genau richteg! Hei erwaarden dech 6 Deeg voller verschiddener Aktivitéiten, Atelieren a Spiller! Wann s du also Loscht hues op eng Woch Abenteuer, Spaass an Iwwerraschungen, da mell

dech u fir d’Ouschterkolonie II a verbréng mat eis eng onvergiesslech Zäit!

Mir hunn op dëser Kolonie 3 Plaze fir Kanner mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit