Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 07/05/2021 - 09/05/2021
Ganzen Dag

Location
Marienthal/ Centre de Jeunesse

Categories


Bass du ee Krimi-Fan, léis gäre mysteriéis Geheimnisser op oder hues einfach Loscht op Spaass mat Kolleegen? Da bass du am Misterydall genau richteg! Hei erwaarden dech kniwwelech Rätselen, düster Geheimnisser, flott Spiller a virun allem eng super Zäit.

Mell dech an deng Kolleege séier un an erlief ee wahnsinns Weekend als Detektiv!

Mir hunn op dëser Kolonie 5 Plaatze fir Kanner mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit