Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 29/04/2022 - 01/05/2022
Ganzen Dag

Location
Marienthal/ Centre de Jeunesse

Categories


Bass du prett fir mam Sherlock Rätselen ze léisen?

De Sherlock hëllt jidereen a säin Team, egal op mam Rollstull oder ze Fouss, ob kleng oder grouss.

Maacht iech bereet fir ee Weekend voll mat Spaass a Spannung am Mariendall.

Mir hunn op dëser Kolonie 5 Plaatze fir Kanner mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

You must log in or register to make a booking.