Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 26/10/2024 - 03/11/2024
Ganzen Dag

Location
Cinqfontaines

Categories


Hues du es och genuch vum schlechten an triste Wieder am Hierscht an einfach nëmme Loscht ob eng flott Zäit mat denge Kolleegen? Dann ass d’Hierschtkolonie genau dat richteg fir dech. Mat coole Spiller, extraen Aktivitéiten a relaxen Owender, vergëss du ganz schnell de groen Alldag an erliefs eng onvergiesslech Woch mat lauter coole Leit. Mell dech an deng Kolleegen dofir direkt fir d’Hierschtkolonie un.

Mir hunn op dëser Kolonie bis zu 4 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Décisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Tickets

You must log in or register to make a booking.