Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - 15/02/2025 - 22/02/2025
Ganzen Dag

Categories


Fuesent steet virun der Dier!

Du verkleets dech gär, mëss gär Party an léiers gär nei Leit kennen? Dann bass du bei eis

genau richteg! Nieft flotten Aktivitéiten bannen an baussen, erwaart dech all Owend och

eng spannend Geschicht an een Ausfluch. Ausserdeem kanns du een personaliséierten

Accessoire passend zu denger Lieblingsverkleedung kreéieren.

Bass du motivéiert eng flott Woch zesummen ze verbréngen? Dann pack däin coolsten

Fues-Kostüme an, an treff eis zu Fünfbrunnen.

Mir freeën eis op dech!

Mir hunn op dëser Kolonie bis zu 3 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Décisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit