Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 10/02/2024 - 17/02/2024
Ganzen Dag

Location
Cinqfontaines

Categories


Fuesent steet virun der Dier! Du verkleets dech gär, mëss gär Party a léiers gär nei Leit kennen ? Dann bass du bei eis genau richteg! Nieft flotten Aktivitéite bannen a baussen, erwaart dech all Owend och eng spannend Geschicht. Also pack deng Lieblings Verkleedung an, an treff eis zu Cinqfontaines.

Mir freeën eis op dech!

Mir hunn op dëser Kolonie bis zu 3 Plaze fir Kanner mat enger Beanträchtegung fräi. Wann äert Kand eng Beanträchtegung huet, da gitt dat w.e.g. bei der Umeldung un. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Preparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Preparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Beanträchtegung besser kenne léieren. Déi lescht Decisioun, ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir d’Sécherheet an d’Wuelbefannen vum Kand kennen suerge.

Inscription

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit